Den 12. September hunn d’Nicole Backes-Walesch an d’Yolande Kox aus dem Blëtz-Kommitee un der „Matinée Santé“ zu Diddeleng deelgeholl. Des Initiativ gouf vu „Gesond Diddeleng“ an d’Liewe geruff, déi dëst Joer hiren 20. Gebuertsdag feiert.
Op der Gemengeplaz zu Diddeleng waren eng Rei Stänn an domat och d’Blëtz a.s.bl. vertrueden. Sur Place goufe vum CHEM gratis Gesondheetstester (Moosse vum Bluttdrock, dem Bluttzocker an dem Cholesterol) duerchgefouert, wat mir als A.s.b.l. immens begréissen. D’Präventioun vu chronesche Krankheeten, wéi Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen, ass fir eis Associatioun, déi sech fir Betraffener vun engem Hiereschlag asetzt, immens wichteg.
Mir freeën eis immens, dass mir konnte bei der 20. Editioun vun der „Matinée Santé“ dobäi sinn an hoffen op vill weider Jore fir „Gesond Diddeleng“ esou wéi op eng weider flott Zesummenaarbecht!
You must be logged in to post a comment.