De 16. Mäerz war Blëtz a.s.b.l. am Lycée Josy Barthel Mamer bei der Klass 5G4 op Besuch. D’Anne Brimaire-Hoffmann, Sekretärin vum Conseil d’Administration vu Blëtz a.s.b.l., huet mat de Schülerinnen a Schüler iwwert de Schlaganfall geschwat. Dobäi huet si erkläert, wéi eng Zorte vu Schlaganfall et gëtt, wéi een en Schlaganfall erkennt, wéi een an esou enger Situatioun richteg reagéiert an och, wéi d’Liewen no engem Schlaganfall ausgesäit.
You must be logged in to post a comment.