17. Oktober 2024: Präventiounscampagne am Rehazenter

Am Kader vum Weltdag vum Hiereschlag, den 29. Oktober, organiséiert d’Blëtz a.s.b.l. de ganze Mount iwwer verschidde Präventiounscampagnen. De 17. Oktober hunn d’Yasmine Silbereisen, d’Nicole Backes-Walesch an d’Chantal Keller vum Blëtz d’Leit am Rehazenter iwwert d’Thema AVC a Risikofacteuren informéiert. Schliisslech kréien zu Lëtzebuerg all Dag 4 Persounen en Hiereschlag. Um Informatiounsstand konnt een och gratis säi Bluttdrock moosse loossen.

E grousse Merci un d’Direktioun, d’Neurologen an d’ganz Personal vun de Stroke-Units, déi sech ëm Betraffener an hir Famille këmmeren, fir hiren Engagement an hiren Asaz d’ganzt Joer iwwer.

Merci un d’Faustine BROUANT (psychomotricienne), d’Laurence ANTONY (diététicienne), d’Sophie ANTOINE (orthoptiste), d’Mathilde MAGGI (orthoptiste), d’Maeva LAHURE (assistante sociale), den David BENHSAIN (neuropsychologue), den Dr Frédéric CHANTRAINE (médecin spécialiste en médecine physique et réadaptation), den Dr Gaston SCHÜTZ (directeur général), d’Christine PAPY (orthophoniste), d’Manon MULLER (ergothérapeute), d’Carmen STEICHEN (ergothérapeute), de Jérôme KAPS (kinésitérapeute / responsable kinésithérapie), de Laurent BEER (ergothérapeute / responsable ergothérapie) an den Thomas HENKELS (directeur administratif et financier), déi den 17. Oktober all am Rehazenter sur Place waren.

Categories :