D’Schüler (C4) an d’Enseignante vun der Faubourgschoul zu Käl hunn den Don fir intressant Associatiounen ze ënnerstëtzen. Dëst Joer ass Blëtz asbl. ausgewielt ginn. Dofir leeft e Projet d’ganzt Joer iwwer an d’Recette vu Chrëschtmaart. Martine Demuyser, Coordinatrice de Cycle, huet Presidentin vum Blëtz, Madamm Chantal Keller, fir eng kleng Power-point mat der Scheckiwwerreechung invitéiert. Mir soen de Schüler an den Enseignante Villmools Merci fir déi flott Initiative.
You must be logged in to post a comment.