21. Oktober 2024: Präventiounscampagne am CHdN

Mam Rendez-vous am CHdN zu Ettelbréck huet d’Blëtz a.s.b.l. e Méinden seng Präventiounscampagne am Kader vum Weltdag vum Hiereschlag, den 29. Oktober, an alle Spideeler vum Land gestart.

Op engem Stand an der Entrée vum Spidol konnt een sech iwwert d’Thema Hiereschlag a Risikofacteuren informéieren an sech gratis de Bluttdrock moosse loossen. Ausserdeem hunn d’Leit op Rendez-vous e gratis Doppler vun engem Neurolog gemaach kritt. En Hiereschlag entsteet nämlech oft duerch eng verstoppten Halsoder.

Den Undrang war och an dësem Joer immens héisch. Mir hoffen, d’nächst Joer méi Rendez-vous’en ubidden ze kënnen.

E grousse Merci un d’Direktioun, d’Neurologen an d’ganz Personal vun de Stroke-Units, déi sech ëm Betraffener an hir Famille këmmeren, fir hiren Engagement an hiren Asaz d’ganzt Joer iwwer.

Categories :