20. September 2023: D’Alessandra Lops an den Jo fueren 8000 km mam Velo fir Blëtz a.s.b.l.

No bal 6750km a 7 verschiddene Länner sammele mir awer och nach ëmmer Sue fir d’asbl Blëtz.

Mir si lo scho säit 3 Wochen a Griicheland. Nom enger méi roueger Woch op Korfu, hu mir d‘Boot eriwwer op d‘Festland geholl fir do laanscht Küst op Delphi ze fueren. Uewen an de Bierger ukomm, huet de villen Reen eis gezwongen eis puer Deeg am Hotel ze „verstoppen“ an of ze waarde bis Situatioun sech berouegt huet. Eisen éischte Plang war et en Zuch vu Livadia op Kalambaka ze huele fir vun do aus mam Vëlo weider an Nordmazedonien eran ze fueren. Wéinst den Iwwerschwemmunge sinn déi Stroossemeeschtere fir weider an den Norde gespaart, sou datt mir och mam Vëlo net weider fuere konnten. Eenzeg Léisung déi ass bliwwen ass, war op Athen ze fueren an ze hoffen dass den Dag drop den Zuch erëm fiert.No enger kuerzer Nuecht zu Athen, hu mir awer dunn decidéiert eisen initiale Plang ze cancellen. Op Kalambaka&Meteora sinn nach bis op eng onbestëmmten Zäit keng Zisch geplangt. Mir hu dunn eréischt gemierkt, wéi dramatesch d’Situatioun am Mëttelgriicheland wierklech ass.Vue datt mir awer scho vill Deeg verluer haten, si mir iwwert Kiato a Richtung Patras gefuer fir eis vun do aus Richtung Albanien ze beweegen. Do wou eng Dier zou geet, geet eng aner erëm op! D’Suergen di mir hu sinn irrelevant zu der aktueller Situatioun a Griicheland.

Eis Häerzer blute wa mir gesinn datt Griicheland aktuell géint déi nächst Naturkatastroph kämpft, just zwou Wochen nom massive Feier zu Athen

Mir freeën eis lo op Albanien a si gespaant wat dëst Land eis wäert bréngen. No bal 6750km a 7 verschiddene Länner sammele mir awer och nach ëmmer Sue fir d’asbl Blëtz. Mir géifen eis riseg freeë wanns och du en Don, a soumat d’Aarbecht vun der Blëtz asbl. géifs ënnerstëtzen.

En Don kanns du entweder iwwert dëse Link:https://gofund.me/40aaef60 maachen oder eng direkt Iwwerweisung op folgende Konto (Blëtz asbl.) mam Vermierk “Ali&Baba cycling” Blëtz a.s.b.l. CCPLLU84 1111 7009 1792 0000

Efkaristo
Ali&Jo

Blëtz a.s.b.l. bewonnert a gratuléiert IECH a seet Villmools MERCI fir Ären Asatz!

Categories :