22. Juli 2024: JDH bei Blëtz op Besuch

Den 22. Juli waren d’Lisa Hatz an d’Marie-Anne Roesgen vun der Jugend- an Drogenhëllef (JDH) am Blëtzhaus op Besuch. Zesumme mat der Presidentin vun der Blëtz a.s.b.l., dem Chantal Keller, hu si sech iwwer gemeinsam Schnëttstellen ausgetosch: Zil ass et, besser op Persounen agoen ze kënnen, déi a Folleg vun hirem Drogekonsum en Hiereschlag erleiden. An dësem Kontext gouf och iwwert direkt Auswierkungen op d’Perséinlechkeet no engem AVC diskutéiert.

D’Jugend- an Drogenhëllef an d’Blëtz a.s.b.l. wëllen an engem enken Austausch bleiwen. Sou wäert d’Blëtz-Presidentin Enn des Jores ënnert anerem eng Formatiounen iwwert d’Konsequenze vun engem Hiereschlag bei der JDH ginn. Mir freeën eis schonn op déi weider Zesummenaarbecht!

Categories :