Oktober 2026 : Journée mondiale de l’AVC 2026 – E grousse Merci un Iech all!

Am Kader vum Weltdag vum Hierschlag 2026 huet Blëtz a.s.b.l. och dëst Joer nees vill Aktiounen organiséiert: vun eiser Konferenz de 25. Oktober am Schlass zu Beetebuerg iwwer d’Informatiouns- a Preventiounsaktiounen an de Spideeler an am Rehazenter bis hin zu eisen Éclair- a Broutaktiounen an de Bäckereien an de Bluttdrockmiessungen an den Apdikten.

All dëst wier ouni déi wäertvoll Ënnerstëtzung vu ville Mënschen net méiglech gewiescht.

E ganz besonnesche Merci geet un eis Sponsoren, déi duerch hir generéis Ënnerstëtzung vill vun dësen Aktiounen erméiglecht hunn.

Mir soen och der Gemeng Beetebuerg, dem Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet, der Stiftung Deutsche Schlaganfall-Hilfe, allen Éieregäscht, Riednerinnen a Riedner, der Moderatioun an allen, déi un eiser Konferenz deelgeholl hunn, häerzlech Merci.

E grousse Merci un all d’Spideeler an de Rehazenter, hir Direktiounen, Neurologen, Dokteren, Personal an all déi aner Mataarbechter, déi eis Aktiounen ënnerstëtzt hunn.

Mir bedanken eis och bei allen deelhuelende Bäckereien an Apdikten, hire Mataarbechter a Clienten, souwéi bei allen Donateuren.

Eise Merci geet och un d’Press, déi verschidden Zeitungen an all d’Medien, déi iwwer eis Aktiounen bericht an dozou bäigedroen hunn, d’Ëffentlechkeet fir de Hierschlag ze sensibiliséieren.

Net ze vergiessen eis Comitésmemberen, Memberen, Benevollen an all déi engagéiert Helferinnen an Helfer, déi virun an hannert de Kulisse mat ugepaakt hunn.

Eise Merci gëllt och allen Betraffenen, Familljen, Visiteuren an all deenen, déi op iergendeng Manéier zum Erfolleg vun dësen Aktioune bäigedroen hunn.

Zesumme kënne mir méi Bewosstsinn fir de Hierschlag schafen, d’Preventioun stäerken an de Betraffenen an hire Familljen zur Säit stoen.

Am Numm vu Blëtz a.s.b.l.: Villmools Merci un Iech all!

Categories :