Hei ass déi sportlecht Equipe vum Sonndeg, de 7. August.
![Image 11.08.16 at 14.13](http://bletz.lu/wp-content/uploads/2016/08/Image-11.08.16-at-14.13.jpg)
Et ass der léiwer Ënnerstetzung vun der Mondorfer Gemeng an dem Engagement vu sengem Club Pétanques ze verdanken, dass Blëtz a.s.b.l. folgend sportlech Aktivitéit ubidde kann.
Firwat spillen mir „Pétanque“?
- Et ass eng Aktivitéit déi och fir Léit mat enger Behënnerung einfach zougänglech ass, mat minimalem Verletzungsrisiko.
- Et ass e ganz gudden Training fir d’Motorik während der Réeducatioun, fuer- dert d’Präzisioun vun der Beweegung an d’Koordinatioun.
- Et ass eng sozial Sportart déi de Kontakt mat aneren Léit bréngt, wouduerch
och d’Sprooch an den Teamgeescht gefuerdert sinn.
- Et motivéiert ee fir Fortschrëtter ze maachen well ee géint aner Léit spillt, a
gëtt en Erfollegserliefniss. ( Kompetitiounsgeescht )
- Et ass elo an der neier Hal.
- Et wärten ëmmer e puer Memberen vum Club do si wann mir kommen, fir eis ze weisen wéi ee spillt, an och fir mat eis ze spillen.
- De Club huet och eng eegen Buvette.
- Et steet e riesege Parking zur Verfügung an dee ganze Site ass rollstullgerecht.
Du musst angemeldet sein, um kommentieren zu können.