18. Juni 2019 : Scheckiwwerreechung: 1.500€ vun de Schüler an vun d’Enseignanten vu Käl

D’Schüler (C4) an d’Enseignante vun der Faubourgschoul zu Käl hunn den Don fir intressant Associatiounen ze ënnerstëtzen. Dëst Joer ass Blëtz asbl. ausgewielt ginn. Dofir leeft e Projet d’ganzt Joer iwwer an d’Recette vu Chrëschtmaart.  Martine Demuyser, Coordinatrice de Cycle,  huet Presidentin vum Blëtz, Madamm Chantal Keller, fir eng kleng Power-point mat der Scheckiwwerreechung invitéiert. Mir soen de Schüler an den Enseignante Villmools Merci fir déi flott Initiative.

Categories :