22. Februar 2025: Rechtsschutz, Pfleeg an Tutelle

Leschte Samschden huet eis Porte ouverte zum Thema „Rechtsschutz, Pfleeg an Tutelle“ am Centre culturel zu Hunchereng stattfonnt. Hei hu sech ganz vill Leit zesumme fonnt, fir dem Paul Zens, Spezialist vum Service Central d’Assistance Sociale (SCAS) iwwert d’Reegelungen nozelauschteren, déi et hei am Land ginn, fir krank, schwaach an eeler Leit viru béiswëllegen Drëtte ze schützen.

Sur Place goufen och vill Froe gestallt a beäntwert. Mir wëlle jidderengem Merci soen, deen un eiser Porte ouverte deelgeholl huet a soe besonnesch dem Här Zens Merci, fir säin immensen Engagement!

Categories :