11. Juni 2023 : D’Alessandra Lops fiert 8000 km mam Velo fir de Blëtz

Ech soen Äddi zu der wonnerbarer Zäit a Spuenien 🇪🇸🚲

44 Deeg – 1728 km – 14629 m Héicht
Ech hat déi bescht Zäit mam Jo an dem Vëlosteam op Mallorca, och wann den Äddi eng grouss eidel Plaz a mengem Häerz hannerlooss huet. Déi Deeg duerno waren wierklech schwéier fir mech. Mee ech sinn hun méin Rythmus erëm fonnt.
Ech sinn duerch dat schéint Andalusien pedaleiert mat hirer immenser Hëtzt vun 37 Grad.
Zousätzlech huet den Eurovelo 1 mech ëmmer erëm op meng Grenzen bruecht. Déi konstant Héichtmeter duerch déi onendlech Op- an Off fueren an déi sandeg Passagen, déi quasi onpasséierbar mam Vëlo waren, hunn mech déi eng oder aner Kéier op Palm bruecht.
Um Camino de Santiago de la Plata an dem Camino Francés hunn ech esou vill interessant Leit mat hire verschiddene Perspektiven vum Liewen erlieft. Einfach eng onvergiesslech Erfahrung.
Am Moment sinn ech zu Biarritz an hunn am ganzen 2708km gefuer.Dank iech all hunn mir am Moment schonn iwwer 4000€ Spenden zesummen kritt.

Hëlleft eis weiderhin eis Ziel vun 8000€ fir 8000km Vëlo fueren zesummen ze kréien an domadden Blëtz asbl ze ënnerstezten.
Des kennt dir weiderhin ënner dësem Link maachen…

Gracias España 💃Hasta luego
Categories :