11. Juni 2024: Konferenz an Expo iwwert den Hiereschlag

Den 11. Juni fënnt an der Salle des Fêtes vum Beetebuerger Schlass eng Konferenz zum Thema Hiereschlag statt. Dës gëtt vun der Präsidentin vun der Blëtz a.s.b.l., der Madame Chantal Keller, gehalen a geet vun 19 bis 21 Auer.

D’Konferenz gëtt vun der Blëtz a.s.b.l. organiséiert. Déi Lëtzebuergesch Associatioun setzt sich fir Betraffener vun engem Hiereschlag an an huet hire Sëtz zu Beetebuerg. D’A.s.b.l. gëtt als gemengnëtzeg Organisatioun unerkannt a steet ënnert der Schiermherrschaft vun der Ierfgroussherzogin. Der Associatioun hiert Zil ass et, d’Zuel vun den Hiereschléi duerch Präventiouns- a Sensibiliséierungsmoossnamen ze senken. Si hëlleft Betraffene, Kanner, Jonken, Erwuessenen a Famillen an ALLE Stadie vun der Krankheet.

Nieft der Konferenz gouf och eng kleng Ausstellung am Foyer vum Centre Sportif et Culturel zu Beetebuerg organiséiert. Vum 10. bis de 17. Juni gëtt hei d’Schicksal vu Persounen, déi en Hiereschlag haten, thematiséiert. Op de Roll-Ups si perséinlech Geschichten an Erfarunge vun de Betraffenen nozeliesen. Zu Lëtzebuerg kréien all Dag 4 Mënschen en Hiereschlag. Och Jonker sinn ëmmer méi dacks betraff. D’Ausstellung ka wärend de regulären Zäite vum Centre Sportif et Culturel besicht ginn.

Konferenz „Opklärung iwwert den Hiereschlag“
Dënschden, den 11. Juni 2024, 19:00-21:00h
Adress: 13, rue du Château L-3217 Bettembourg (Salle des Fêtes)
Gratis Entrée

Expo „D’Liewen no engem Hiereschlag“
Vum 10. bis de 17. Juni 2024, 09:00-22:00h
Adress: Centre Sportif et Culturel, 30, rue James-Hillard Polk L-3275 Bettembourg
Gratis Entrée

Categories :