Op Ufro vun der Croix Rouge huet d’Chantal Keller, Präsidentin vun der Blëtz a.s.b.l., den 13. Mäerz en Info-Owend iwwert den Hiereschlag an der Gemeng Dippech gehalen. Heibäi huet si d’Leit iwwert Risiken a Konsequenze vun engem Hiereschlag informéiert an och iwwert hir ganz perséinlech Erfarungen als Iwwerliewend vun engem Häerzinfarkt an engem Hiereschlag geschwat.
Et war e ganz interessanten a gutt besichten Informatiounsowend. Als Associatioun, déi grousse Wäert op Präventioun leet, soe mir jidderengem Merci, deen un dëser Soirée deelgeholl huet.
Vous devez être connecté pour poster un commentaire.