2. September 2023: Eng Fotostee zu Gonschte vu Blëtz a.s.b.l.

Vum 24.6. bis den 2.9.2023 huet d’Photostuff Asbl mam bekannte Letzebuerger Fotograf Raymond Clement eng Spendesammlung fir Blëtz asbl organiséiert. Dobäi goufen zwou aussergewéinlech Fotoe vum Raymond Clement versteet an 2.500 € fir de Blëtz gesammelt.

E grousse Merci vu Blëtz asbl un déi zwee Keefer, déi vill Spender, un de Raymond fir déi wonnerbar Biller an un de Luc Freichel, deen alles organiséiert huet.

Op der Foto gesitt Dir de Raymond Clement, d’Laura May vum Comité vu Blëtz asbl, de Jeannot Sanavia an d’Mireille Welter (Schäffe vun der Gemeng Esch/Sauer) an de Luc Freichel.

Categories :