20. Oktober 2024 : Konferenz am Kader vun Weltdag vum Hiereschlag

E Sonden, den 20. Oktober ass déi grouss Konferenz vu Blëtz a.s.b.l. am Kader vum Weltdag vum Hiereschlag zu Beetebuerg am Schlass ofgehale ginn. Invitéiert ware Betraffener, Memberen, Fachpersonal, Dokteren esou wéi Vertrieder aus der Politik.

Et war eis eng immens Freed, de Leeder vum Institut fir Ethik a Geschicht vun der Medezin vun der Uni Freiburg, de Prof. Dr. Giovanni Maio, op eiser Konferenz begréissen dierfen. Seng philosophesch an empathesch Ried iwwert d’Verletzlechkeet vum Mënsch, déi duerch eng Krankheet ervirgeruff gëtt, wäert nach ville vun eis an Erënnerung bleiwen.

Zesumme mat eisem Éieregaascht an all eise Gäscht hu mir e flotten a conviviale Moment verbruecht, bei deem d’Opklärung iwwert den Hiereschlag am Mëttelpunkt stoung. Un dëser Plaz wëlle mir nach eng Kéier alle Participantë villmools Merci soen:

  • Merci dem Här Minister Max Hahn
  • Merci der Madamm Josée Lorsché
  • Merci dem Här Prof. Dr. med. Giovanni Maio
  • Merci der Dr Monique Reiff
  • Merci un d’Stroke Units, un d’Neurologen an un d’Personal, dat sech em Betraffener këmmert
  • Merci un de CGDIS
  • Merci un all eis Memberen an Donateuren
  • Merci un d’Familljen vun de Betraffenen, fir hir Gedold an hire Versteesdemech
  • Merci un eis Sponsoren
  • Merci dem Raymond Clement
  • Merci dem Claudine Muno
  • Merci dem Joëlle Kirsch
  • Merci un eise Comité Scientifique
  • Merci un d’Team vu Blëtz
Categories :