24. Mee 2024: Blëtz a.s.b.l. am Cactus Miersch

De 24. Mee war d’Blëtz a.s.b.l. am Cactus Miersch op Besuch. D’Associatioun war mat engem Stand, mat Roll-Ups, Infomaterial a Broschüre present. Blëtz a.s.b.l. ass deen Dag vu sengen zwou Sekretärinnen, dem Audrey Speitel an dem Françoise Stoll, vertruede ginn. De ganzen Dag ware si fir d’Clientë vum Supermarché disponibel, fir si iwwert d’Risiken a Konsequenze vun engem Hiereschlag ze informéieren. E grousse Merci un d’Gerantë vum Cactus Miersch, dass si eis d’Opportunitéit ginn hunn, mat de Leit sur place ze schwätzen an esou Preventiounsaarbecht am Zentrum vum Land ze leeschten.

Categories :