25. August 2023: D’Alessandra Lops an den Jo fueren 8000 km mam Velo fir Blëtz a.s.b.l.

5800 km si Si elo gefuer!

Mir setze grad op der Fär fir op eis nächst Destinatioun an hu soumat Zäit eis lescht Woche Revue passéieren ze loossen.

Mir hunn lo ee Mount bella Vita hannert eis, a kënne behaapten datt Italien eis absolut net enttäuscht huet!Ugefaange mat den onvergiessleche Vuen aus den Dolomiten, de flotten Ausflich a Stied wéi Venedeg, Ferrara a Roum, der magescher Landschaft aus der Toscana, den häerzleche Momenter mat der Famill vum Ali, déi nach zum Deel an Italien lieft, souwéi och dat leckert Iessen an déi gutt Wäiner!

Wat bléift sinn enorm vill schéin an onvergiesslech Erënnerungen.

Mee elo ass et Zäit no vir ze kucken! Mir freeën eis richteg en neit Land mat all hire Kulturen ze entdecken. Kalemera !

Och no bal 5800km a 6 verschiddene Länner sammele mir awer och nach ëmmer Sue fir d’Blëtz a.s.b.l.. Mir géifen eis riseg freeë wann s och du en Don, a soumat d’Aarbecht vun der Blëtz a.s.b.l. géifs ënnerstëtzen.

En Don kanns du entweder iwwert dëse Link:https://gofund.me/40aaef60 maachen oder eng direkt Iwwerweisung op folgende Konto (Blëtz a.s.b.l..) mam Vermierk “Ali&Baba cycling”
Blëtz a.s.b.l. CCPL LU84 1111 7009 1792 0000
Grazie!
Arrivederci Bella Italia Ali&Jo

De Blëtz a.s.b.l.bewonnert a gratuléiert IECH a seet Villmools MERCI fir Ären Asatz!

 

Categories :