25. Oktober 2019: De Blëtz war zu Esch am CHEM

All Joer, den 29. Oktober, ass de Weltdag vum Hireschlag. 

Deen Dag maache mir besonnesch Aktiounen, fir ze informéieren, wat de Schlag ass a wéi een e ka verhënneren.

Eist Fest ass de 27. Oktober 2019 am Beetebuerger Schlass vu 16 bis 19 Auer.

– De Blëtz huet mat enger Neurologe zu Esch, gratis op RDV beim Blëtz, Halsoderen getest (Dopplertest) an et gouf de Bluttdrock gemoost.  De Blëtz seet dem Neurologe an eng flotte Equipe  « Villmools Merci, fir dës Zesummenaarbecht!“ 

– Den Hireschlag ass oft bedéngt duerch en héije Bluttdrock.  Wärend enger Woch, vum 24. bis den 29.Oktober, ka jidderee gratis säi Bluttdrock moosse loossen, a méi wéi 41  Apdikten uechtert d’Land.