30. Abrëll 2024: Scheckiwwerreechung zu Colmar-Berg

Den 30. Abrëll ass d’Blëtz a.s.b.l. vun de „Fraen a Mammen“ vu Colmar-Berg invitéiert ginn. D’Nicole Backes-Walesch an d’Yasmine Silbereisen hunn Blëtz sur Place vertrueden. Bei dëser Geleeënheet hu si d’Aktivitéite vun der Associatioun virgestallt, déi sich fir Betraffener vun engem Hiereschlag asetzt. Mir freeën eis immens, dass d’„Fraen a Mammen“ vu Colmar-Berg un eis geduecht hunn. Si hunn der Blëtz a.s.b.l. en Don an der Héischt vun 3.000 Euro iwwerreecht. Mir soe villmools Merci!

Categories :