11. Mäerz 2024: Scheckiwwerreechung zu Réimech

Den 11. Mäerz ass d’Blëtz a.s.b.l. vun de „Fraen a Mammen“ vu Réimech op hir Generalversammlung an der Aaler Schoul invitéiert ginn. D’Nicole Backes-Walesch an d’Yasmine Silbereisen hunn am Numm vu Blëtz un der Soirée deelgeholl. Bei dëser Geleeënheet hu si d’Aktivitéite vum Veräin virgestallt, dee sich fir Betraffener vun engem Hiereschlag asetzt. Mir freeën eis immens, dass d’„Fraen a Mammen“ vu Réimech un eis geduecht hunn. Si hunn der Blëtz a.s.b.l. en Don an der Héischt vun 1.000 Euro iwwerreecht. Mir soe villmools Merci!

FR

11 mars 2024 : Remise de chèque à Remich

Le 11 mars, Blëtz a.s.b.l. a été invité par les « Fraen a Mammen » de Remich à tenir son assemblée générale dans l’ancienne école. Nicole Backes-Walesch et Yasmine Silbereisen ont participé à la soirée au nom de Blëtz. A cette occasion, elles ont présenté les activités de l’association, qui s’engage pour les concernés d’un accident vasculaire cérébral (AVC). Nous sommes très reconnaissants que les « Fraen a Mammen »de Remich aient pensé à nous. Celles-ci ont remis à Blëtz a.s.b.l. un chèque d’un montant de 1.000 euros. Nous les en remercions vivement !

Categories :