16. Mee 2022: Réunioun am Centre Hospitalier (CHL)

Lëtzebuerg huet véier Spideeler ( CHL, CHEM, HRS, CHdN) mat extrae Statiounen fir Leit mat engerm Hiereschlag, de Stroke-Units. Dat ass am Süden de CHEM mat 4 Better, am Norden de CHdN mat 3 Better, an der Stad de CHL mat 6 Better an den HRS mat 4 Better.

D’Zertifikatioun vun den Stroke-Units ass eng Fuerderung vun SAFE + ESO, de Blëtz ass zënter 2016 eng vun de 35 nationalen Associatiounen am SAFE.

Den CHL huet zënter Januar d’Zertifikatioun fir eng Stroke-Unit um Niveau 1 erreecht. D’Direktioun, vertruede vum Generaldirekter, dem Dr Romain Nati, der Medizinescher Direktesch, der Dr Martine Goergen, der Fleegedirektesch, der Madamm Daniele Collas an der Nationaler Koordinatrice fir ESO ( European Stroke Organisation) an SAFE ( The Stroke Patient voice in Europe), der Dr Monique Reiff, wellen déi nächst Stuf an der Zertifikatioun erréechen.

D`Présidentin vum Blëtz, d`Madamm Chantal Keller, Member vu ( SAFE: The Stroke Patient Voice in Europe), huet mat enger PowerPoint Präsentatioun Missiounen, nei Projeeën, an d’Problemer an de Rehazenteren analyséiert.

Mat engem flotten Austausch vun intressanten Iddien schaffe mir nach ëmmer, an och an Zukunft, gutt zesummen.

E grousse MERCI fir den enormen Asaz vun der Direktion, den Neurologen, an all de Mataarbechter, déi sech hei am Land fir d’Leit mat engem Hiereschlag asetzen.

Categories :