18. Mee 2023 : D’Alessandra Lops fiert 8000 km mam Velo fir de Blëtz

D’Alessandra Lops ass 44 Deeg an 1728 km gefuer bei enger Héich vun 4629 m! 🇪🇸🚲

Am Moment ass Alessandra zu Biarritz! Si huet am ganzen elo schonn 2708 km gefuer.

D’Alessandra Lops, schafft als Neuropsychologe a Psychologe an engem Spidol zu Lëtzebuerg an hat bis viru kuerzem nach e Cabinet an der Stad, wou et duerch d’Zesummenaarbecht mat Blëtz, Membere vun eis a senger Consultatioun gesinn huet. D’Neuropsychologen vu Blëtz hëllefen de Betraffene mat dëser neier a schwiereger Situatioun an den Emotiounen déi den Hiereschlag mat sech bréngt ëmzegoen a begleeden se an dëser schwiereger Zäit.

Mat hirer Rees wëlle si d’Leit sensibiliséieren, dass psychesch an physesch Gesondheet immens wichteg sinn, fir den ënnerlechen Equiliber ze halen an sech awer och viru Krankheeten ze schützen, wei eben och dem Hiereschlag. An Zesummenaarbecht mat Blëtz a.s.b.l. wëlle si op d‘Risikoen an awer och méiglech Konsequenze vum Hiereschlag opmierksam maachen.
De Blëtz offréiert all de Memberen 10 Mol gratis Ënnerstëtzung vun enger Neuropsychologin! All Seance kascht 110€, déi NET vun der Krankekees bezuelt gitt!!!

Fir déi vun Iech, déi net wëssen, wat se spende wëllen:
Dës kennt dir weiderhin ënner dësem Link maachen : https://gofund.me/40aaef60 

Ären Impakt:
110€ – 1 psychologesch Consultatioun

Fir déi vun Iech, déi net wëssen, wat se spende wëllen, hei sinn e puer Iddien.
0,10€ pro km => 10 km = 1€
0,10€ pro km => 50 km = 5€
0,10€ pro km => 100 km = 10€
0,10€ pro km => 500 km = 50€
0,10€ pro km => 1000 km = 100 €

Dank iech all hunn mir am Moment schonn iwwer 4000€ Spenden zesummen kritt. All Don SINN zu 100% beim Blëtz a.s.b.l. ukomm!

Léift Alessandra, däi Courage wäert DECH motivéieren a méi schwieregen Zäiten DIR weider hëllefen ze pedalléieren.

Gracias España 💃Hasta luego Alessandra! 🚲

 

Categories :