E Freideg, den 20. Mäerz 2026 war et fir d’Blëtz a.s.b.l. eng grouss Freed, beim Intequiz vun de Wild Ducks a.s.b.l. dobäi ze sinn.
Et ass fir eis och eng grouss Éier ze wëssen, dass de Bénéfice vum Intequiz 2026 un eis geet.
Den 2. Juli war d’Scheckiwwerreechnung. Den Tom Schumacher, Prasident vun de Wild Ducks, d’ Chantal Keller, Präsidentin vu Blëtz asbl, an de Marc Metz, Komiteesmember vu Blëtz a.s.b.l., waren op der Plaz. De Scheck vu 7000€ gouf feierlech iwwerrecht.
E grousse Merci un d’Equipe vum Intequiz!
You must be logged in to post a comment.