23. März 2022:,Scheckiwerreechung den 23.03.2022 zu Bärel

De Blëtz war vun de Fraen a Mammen Bärel-Pommerlach op eng Scheckiwwerreechung invitéiert ginn.
A Presenz vun der Presidentin Mme Majerus Marie-Louise an dem gutt informéierten Buergermeeschter den Här Schroeder Romain,  de Schäffen Här Pauly, Madamm  Stelmes an den Dechen Här Peporte konnte mir en generéisen Don vun 2500 € entgéint huelen.
De Blëtz war vertrueden duerch Mme Yasmine Silbereisen an Mme Backes-Walesch Nicole.
Mir soen de Fraen a Mammen villmools Merci fir deen wonnerbare Gest.
Categories :