Zu Iermsdref ass dëst Joer eng al Traditioun erëm opgelieft ginn: D’Iermsdrëfer Klibberkanner sinn vun Donneschdes bis Sonndes dräimol den Dag klibbere gaang, fir d’Kiercheklacken an der Ouschterzäit ze ersetzen. Nieft ville Séissegkeeten hunn d’Kanner och eng bedeitend Zomm Suen zesummegesammelt. Am Ganze koumen 558,50 € zesummen.
D’Kanner hunn direkt decidéiert, dës Suen net fir sech selwer ze behalen, mee se fir en gudden Zweck ze spenden. D’Wiel ass op d’Blëtz asbl gefall – eng Entscheedung, déi eng perséinlech Bedeitung hat. Dem Milan seng grouss Schwëster, d’Maya Barbangelo, hat selwer schonn ee Schlag a setzt sech zënter kuerzem als offiziell Ambassadrice vum Blëtz fir d’Opklärung an d’Ënnerstëtzung vu Betraffenen an.
D’Maya hat déi grouss Éier, de Scheck am Numm vun der Blëtz asbl perséinlech vun de Kanner entgéintzehuelen. Fir dëse spezielle Moment sinn d’Kanner bei hatt doheem zesummekomm. Si hunn do den Erklärvideo „Den Held vum Dag“, produzéiert vun Jangli Film an Zesummenaarbecht mat RTL a Blëtz asbl, gewise krut.
Duerno huet d’Maya de Kanner déi véier wichteg Unzeeche vun engem Schlag unhand vum Akronym F.A.S.T. erkläert an hinnen op eng verständlech Aart a Weis gewisen, wouran een en Noutfall erkennt a wéi d’Blëtz asbl Betraffener ënnerstëtzt.
Als klenge Merci krut all Kand e Blëtzhäerz iwwerreecht. Well all d’Elteren averstanen waren, konnt zum Ofschloss och nach eng flott Erënnerungsfoto gemaach ginn.
D’Iermsdrëfer Klibberkanner hunn domat net nëmmen eng Traditioun erhalen, mee och e staarkt Zeeche vu Solidaritéit a Matgefill gesat.
You must be logged in to post a comment.