5. Mäerz 2024 : Scheckiwwerreechung zu Wäiswampech

De 5. Mäerz ass d’Blëtz a.s.b.l. op Wäiswampech invitéiert ginn. D’Nicole Backes-Walesch an d’Yasmine Silbereisen hu fir Blëtz un der Generalversammlung vun de „Fraen a Mammen“ aus der Gemeng Wäiswampech deelgeholl. Si hunn sech immens gefreet, un dësem flotten Owend deelhuelen ze kënnen. Am Numm vu Blëtz hu si e Schéck am Wäert vun 2.500 Euro iwwerreecht kritt. Dësen Don bedeit der a.s.b.l., déi sich fir Betraffener vun engem Hiereschlag asetzt, immens vill. Un dëser Plaz e ganz grousse Merci un all Membere vun de „Fraen a Mammen“ aus der Gemeng Wäiswampich fir den häerzlechen Accueil, hiren Engagement an hir Generositéit.

Categories :