24. Mäerz 2023 : Dem David sai Wee

Am Kader vun 10 Joer Blëtz a.s.b.l. wäerte mir 10 Videoë mat Betraffenen an hire Famillie weisen.
Den drëtte Video stellt Iech d‘Laura May, Comités-Sekretärin an Avocate à la cour, den David Lucius, neie Comités-Member, seng Ex-Fra, d‘Madamm Sara Moldovan an d‘Joffer Alessandra Lucius Mondovan, vir.
D’Lidd „Verstees du mech“ ass vum Claudine Muno geschriwwen a vum Remo Cavallini begleet.
De Video gouf vun der Equipe vum Ken D’Antonio, vun „Dividante“ gefilmt.
E grousse Merci un den “Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte“ (https://www.oeuvre.lu) déi dat méiglech gemaach hunn!

Categories :