14. Mäerz 2024: Scheckiwwerreechung zu Suessem

De 14. Mäerz ass d’Blëtz a.s.b.l. vun de Seniore vun der Gemeng Suessem op hir Generalversammlung am „Kulturschapp“ invitéiert ginn. D’Nicole Backes-Walesch an d’Yasmine Silbereisen ware fir d’Blëtz a.s.b.l. sur place. Op dësem Evenement hu si d’Aktivitéite vum Veräin virgestallt, dee sich fir Betraffener vun engem Hiereschlag asetzt. Si waren immens emouvéiert, en Don an der Héischt vun 1.500 Euro un d’Blëtz a.s.b.l. unzehuelen. Mir soen de Seniore vun der Gemeng Suessem villmools Merci!

14 mars 2024 : Remise de chèque à Sanem
Le 14 mars, Blëtz a.s.b.l. a été invité par les seniors de la commune de Sanem à son assemblée générale au « Kulturschapp ». Nicole Backes-Walesch et Yasmine Silbereisen étaient sur place pour Blëtz a.s.b.l. Lors de cet événement, elles ont présenté les activités de l’association qui s’engage pour les concernés d’un accident vasculaire cérébral (AVC). Elles ont été très touchées d’accepter un chèque de 1.500 euros en faveur de Blëtz a.s.b.l. Un grand merci aux seniors de la commune de Sanem !

Categories :