Scheckiwwerreechung vun der 8. Editioun vum Chrëschtmoart am LGE
Déi 8. Editioun vum Chrëschtmoart, déi de 15. Dezember 2025 stattfonnt huet, stoung och dëst Joer nees ganz am Zeeche vun der Solidaritéit. D’Madamm Claudine Bley, Coordinatrice vum Chrëschtmoart, huet ervirgehuewen, datt virun allem dat aussergewéinlecht Engagement vun de Schülerinnen a Schüler ëmmer nees dozou motivéiert, dëse grousse Projet unzegoen. D’Schoul hätt och d’Aufgab, de Jonken ze vermëttelen, wéi wichteg et ass, sech fir Mënschen anzesetzen, deenen et manner gutt geet oder déi op Ënnerstëtzung ugewise sinn.Benevolat a Solidaritéit wieren haut net méi
selbstverständlech a géifen dofir eng besonnesch Bedeitung hunn.
Den Här Pascal Bermes, Direkter vum LGE, an den Här Jeff Heyart, Directeur adjoint vum LGE, hunn alle Bedeelegten hire grousse Merci ausgeschwat. Zesumme konnte si de stolzen Erléis vu 4.000 Euro un d’Madamm Chantal Keller, Presidentin vu „Blëtz a.s.b.l.“, iwwerreechen. Dëst ass eng Lëtzebuerger Asssociatioun fir Betraffener vun engem Hiereschlag. D‘Zil ass et, Persounen, déi vun engem
Hiereschlag betraff sinn, souwéi Kanner, Jugendlecher, Erwuessener an hir Familljen an allen Etappevun der Krankheet Hëllef an Ënnerstëtzung unzebidden.
Chrëschtmoart 2025
Fir d’Schülerinnen a Schüler vun der 7e bis zur 1re iwwert de Chrëschtmoart ze informéieren, ass schonn am Oktober en Opruff un déi ganz Schoulcommunautéit erausgaangen. Séier huet sech gewisen, datt dës Propose op grousst Intressi gestouss ass, soudatt d’Organisatioun vun der 8. Editioun konnt ufänken.De 15. Dezember war et dunn esou wäit. Insgesamt goufen 38 verschidde Stänn opgeriicht – e neie Rekord. Dës ware verdeelt op de Preau, de Schoulrestaurant, en extra fir dësen Zweck opgeriichtent Zelt an de Schoulhaff. D’Iddie vun de Participante ware besonnesch ofwiesslungsräich: vu Konschthandwierk a Spiller bis hin zu kulinaresche Spezialitéiten an enger breeder Auswiel u Gedrénks war fir jiddereen eppes dobäi.
E grousse Merci geet un all eis Schülerinnen a Schüler, déi sech mat vill Engagement agesat hunn, souwéi un d’Proffesseschkolleeginnen a -kolleegen, déi bereet waren, e Stand mat hirer Klass ze organiséieren oder eng aner Aufgab ze iwwerhuelen. Eise Merci gëllt och den Elterevertrieder vun der APELGE, der Elterevereenegung vum LGE, der AVEK, der Amicale vum Escher Kolléisch, der AssPro, eiser Proffeschassociatioun, souwéi de Servicer SePAS, SSE an ESEB. Besonnesch ervirzehiewe sinn och d’Kolleege vum UK, op déi ëmmer Verlooss ass. Si hunn am Virfeld e Promovideo produzéiert, den Owend selwer gefilmt an och bei der Scheckiwwerreechung dofir gesuergt, datt déi wichteg Momenter festgehale goufen. Dobäi däerfen och eis Fotografen an déi Responsabel fir d’Social-Media-Kommunikatioun net vergiess ginn.E weidere Merci geet un d’Direktioun, d’Direktiouns-, Proffessesch- a Schülersekretariat,d’Bibliothekarin an, net zulescht, un de Service technique, déi all wesentlech zum Erfolleg vun dësem Chrëschtmoart bäigedroen hunn.
Vous devez être connecté pour poster un commentaire.