17. Dezember 2025 : Blëtz a.s.b.l. beim Chrëschtmoart vum Lycée de Garçons Esch

Blëtz a.s.b.l. war vertruede mat der Präsidentin, der Madame Chantal Keller an der Sekretärin vum Komitee, der Madame Anne Brimaire-Hoffmann.

Dëst Joer war et fir de Blëtz eng grouss Freed, beim Chrëschtmoart am Kader vum Charity Day vum LGE dobäi ze sinn an den Erléis vun dëser Aktioun ze kréien.

Mir soen dem LGE an der ganzer Schoulcommunautéit e grousse Merci fir d’Ënnerstëtzung an déi gutt Zesummenaarbecht!

Déi 8. Editioun vum Chrëschtmoart war immens schéin an och eise Stand war ganz wanterlech dekoréiert.

Villmools Merci un all déi, déi laanscht komm sinn an un déi vill Schülerinnen a Schüler, Enseignanten an Elteren déi sech engagéiert an zum Gelénge vun dëser flotter Aktioun bäigedroen hunn!

Am Laf vum Joer konnt Blëtz och eng Formatioun fir d’Enseignanten an dat ganzt Schoulpersonal vum LGE ubidden.

Fir Ufank 2026 ass eng Sensibiliséierungsinterventioun an de Klassen 2C geplangt, op déi mir eis scho freeën.

Categories :