23. Oktober 2022: Reportage op RTL “Déi grouss Middegkeet nom Hiereschlag” – Journée mondiale de l’AVC 2022

Eng Woch virun der Journée mondiale de l’AVC sensibiliséiert d’Associatioun Blëtz iwwert e manner bekannte Symptom nom Hiereschlag: d’Post-Fatigue-Syndrom.

Wéi d’Sandy Hennes viru 7 Joer am Rehazenter gefrot ginn ass, wat si nees well maachen, sot si: “Ech wëll erëm schaffe goen. An ech wëll erëm kënne lafe goen”.D’Fra hat am Abrëll 2015 am Alter vu 40 Joer en Hiereschlag am Fliger um Wee an d’Vakanz. Dësen Dag huet hiert Liewen verännert. Dono konnt si net méi richteg schwätzen an huet ëmmer nees mussen no de Wierder sichen. Och mam Goen hat si Problemer. Mat vill Training an Disziplin koum d’Sandy Hennes awer nees op d’Féiss. Esou wéi virdrun ass et bis elo awer net méi ginn. […]

Liest hei de ganzen Artikel: https://www.rtl.lu/news/national/a/1982841.html

 

 

Categories :