23. Oktober 2023: Préventionskampagne am Rehazenter

Wéi all Joer start de Blëtz dës Woch fir de Weltdag vum Hiereschlag (29.10.) eng Préventiounskampagne an de Spideeler.
Mir hunn en Informatiounsstand an der Entrée vum Spidol an et kann ee gratis säi Blutdrock moosse loossen. 

E grousse Merci un d’Direktioun an d’ganz Personal vun de Rehazente fir hiren Asaz d’ganzt Joer sech ëm Betraffener an hir Famille ze këmmeren, .

Op der Plaz war vum Rehazenter d’Madamm Tessy Schitter ( Orthophonisten) und dem Här David Benhsain ( Neuropsychologue)  an de Blëtz war  mat der D’Madamm Nicole Backes-Walisch an d’Madamm Yasmine Silbereisen vertrueden..

Den 22. Oktober hate mir eis Konferenz am Schlass zu Beetebuerg. Ënner anerem huet den Dr. Georg Galle vun der Stiftung Deutsche Schlaganfall-Hilfe en Discours gehalen. 

Dir kënnt de Video vun eiser Konferenz ab dem 29. Oktober integral op eisem Site kucken. 

All Dag kréien 4 Leit e Hiereschlag zu Lëtzebuerg.