25 septembre 2023 : Blëtz a.s.b.l. en mission au CHdN / Blëtz a.s.b.l. am CHdN

25 septembre 2023: Blëtz a.s.b.l. en mission au CHdN

Comme chaque année Blëtz visite les responsables des hôpitaux avec une unité stroke.

Dr Jean-Marc Cloos (directeur médical), Dr Paul Wirtgen (directeur général), Mme Chantal Keller (présidente de Blëtz), Dr Ben Schloesser (neurologue) et Mme Nicole Backes-Walesch (trésorière de Blëtz) ont participé à la réunion.

Blëtz a présenté ses missions et futurs projets. Nous remercions Dr Cloos, Dr Wirtgen et Dr Schloesser pour l’intérêt qu’ils ont porté à notre association et à nos projets futurs. Merci pour cet échange intéressant et important.

Le Luxembourg compte actuellement quatre « Stroke Units » : le CHL, l’HRS, le CHEM et le ChdN.

Une « Stroke Unit » est une unité qui s’est spécialisée dans l’accueil de patients ayant récemment souffert d’un AVC. Pour garantir le haut standard des soins nécessaires, nous avons besoin du soutien du Ministère de la Santé : il est notamment essentiel d’augmenter de manière significative le nombre de médecins et de personnel infirmier. Un encadrement optimal au sein d’une telle unité spécialisée permet d’augmenter les chances de survie des patients et de garantir une meilleure qualité de vie après le retour au domicile.

Nous nous engageons pour une certification de tous les hôpitaux. Actuellement le CHL est le seul hôpital avec une certification du niveau 1. La certification d’une « Stroke Unit » garantit des standards élevés dans les domaines du diagnostic, de l’équipement en appareils et en personnel et de l’organisation. La certification est un des objectifs de SAFE (Stroke Alliance For Europe) et ESO (European Stroke Organisation).

Malheureusement, à cause de la pandémie, certains hôpitaux n’ont pas pu garantir la mise en œuvre des critères nécessaires pour obtenir une certification ESO. Nous espérons qu’au futur tous nos quatre « Stroke Units » recevront cette certification.

25 September 2023: Blëtz a.s.b.l. am CHdN

Wéi all Joer trefft de Blëtz sech mat de Responsabele vun de Spideeler déi eng “Stroke Unit” hunn.

Den Dr Jean-Marc Cloos (Medizineschen Direkter), den Dr Paul Wirtgen (Generaldirekter), d’Madamm Chantal Keller (Präsidentin vu Blëtz), den Dr Ben Schloesser (Neurolog) an d’Madamm Nicole Backes-Walesch (Trésorière vu Blëtz) hunn deelgeholl.

Blëtz huet seng Missiounen an seng zukünfteg Projete präsentéiert. Mir soen dem Dr Cloos, dem Dr Wirtgen an dem Dr Schloesser Merci fir hiren Interessi an de flotten an interessanten Austausch.

Lëtzebuerg huet am Moment 4 « Stroke Units »: den CHL, den HRS, de CHEM an de CHdN.

Eng « Stroke Unit » ass eng Eenheet, déi sech op Patienten déi kierzlech en Hiereschlag gemaach hunn, spezialiséiert huet. Fir den héije Standard vun den noutwendege Soinen ze garantéieren, brauche mer d’Ënnerstëtzung vum Ministère de la Santé : et ass besonnesch wichteg d’Zuel vun den Dokteren an Infirmieren ze vergréisseren. Eng optimal Betreiung an esou enger spezialiséierter Eenheet erhéicht d’Iwwerliewenschancë vu Patienten a suergt fir eng besser Liewensqualitéit wann se erëm doheem sinn.

Mir engagéieren eis fir eng Zertifikatioun vun alle Spideeler. Am Moment huet just den CHL den Niveau 1 vun der Zertifikatioun erreecht. D’Zertifikatioun vun enger « Stroke Unit » garantéiert héich Standarden am Beräich vun der Diagnostik, d’Ausstattung vun de Geräter an dem Personal an och der Organisatioun. D’Zertifikatioun ass eng vun de Fuerderunge vun SAFE (Stroke Alliance For Europe) an ESO (European Stroke Organisation).

Leider konnten d’Spideeler wéinst der Pandémie den Kriterien vun ESO net gerecht ginn. Mir hoffen dat an Zukunft alleguer d’Spideeler d’Zertifikatioun erhalen.

Categories :