9. Mäerz 2019 : „Assemblée Générale Ordinaire – Carreau Club Boules&Pétanque Mondorf “

Op d’Invitatioun vum Här Paul Vitali war den „Blëtz“, vertrueden duerch d’Presidentin Chantal Keller an d’Memberen vum Comité Claudia Landa an Laurent Vangoidsenoven, bei der General Versammlung dobäi. Aus éischt huet d’Presidentin der Gemeng Mondorf-les-Bains an dem Buergermeeschter Steve Reckel an sengen Cheffen Claude Schommer an Steve Schleck villmools Merci gesot dofir dass d’Gemeng den Blëtz ënnerstëtzt an dësen Projet erméiglecht. D’Initiative zum Petanque ass vum Här Marc Schommer an d’Weeër geleet ginn. Wéinst gesondheetlechen Grënn huet den Marc Schommer entscheet seng Flichten am Petanque un zwee aner Memberen weider ze leeden, d’ Claudia Landa an den Laurent Vangoidsenoven. Op dëser Platz  soen mir dem Här Schommer ganz häerzlech Merci fir säin enormen Engagement. En weideren groussen Merci soen mir och Här Paul Vitali sengem Comité an all den Memberen vum Petanque déi den Blëtz an deem seng Memberen esou léif ënnerstëtzen.