26. Oktober 2023 : Préventiounskampagne am CHEM

Wéi all Joer start de Blëtz dës Woch fir de Weltdag vum Hiereschlag (29.10.) eng Woch Préventiounskampagne an de Spideeler.

Mir haten en Informatiounsstand an der Entrée vum Spidol an de Blutdrock gouf gemooss.. Op Rendez-vous, gouf e Gratis-Doppler vun engem Neurolog gemaach. 

De Blëtz war mat der Madamm Karin Magar-Klein, der Madamm Audrey Speitel a mat der Madamm Chantal Keller vertrueden.

E grousse Merci un d’Direktioun, d’Neurologen an d’ganz Personal vun de Stroke-Units, fir hiren Asaz d’ganzt Joer!

All Dag kréien hei am Land 4 Persounen en Hiereschlag!